Mir liewen am Moment eng ganz ongewéinlech Zäit, an der d’Eltere viru ganz neien Erausfuerderunge stinn an de Kanner hiert Liewen op der Kopp ass.
Als Art à l’école wëlle mir e klenge Bäitrag leeschten fir dës Zäit ze iwwerbrécken, mat kreativen Ideeën fir d’Kanner ze beschäftegen. Kuckt regelméisseg eis Facebook Säit Association Art à l’école a loosst iech iwwerraschen. Vill Spaass un iech all.

